NewsMamm zaapt Bouf 5 Joer laang reegelméisseg Blutt of

An Dänemark ass elo eng Fra zu 5 Joer Prisong veruerteelt ginn, nodeems si hirem Jong all Woch en hallwe Liter Blutt ofgezaapt huet.

Leschten Update: 07.02.2019, 16:26:52

© Pixabay

Déi 36 Joer al Infirmière hat dem Parquet no domat ugefaange, wéi hire Jong 11 Méint al war. 5 Joer laang huet d'Tortur gedauert, 2007 war si festgeholl ginn.

Wéinst dem Mangel u Blutt hat de Jong am Laf vun de Joren 110 Transfusioune kritt, d'Doktere konnten sech d'Bluttaarmut awer net erklären.

Viru Geriicht sot d'Fra, dass si hiert Verhale selwer net kéint verstoen, et wier keng bewossten Entscheedung gewiescht. 

D'Blutt hätt se duerno ewechgeschott.