NewsChauffer verléiert zu Dippech d'Kontroll iwwert säi Gefier

An der Nuecht op e Freideg, huet zu Dippech ee Chauffer am Rondpoint d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer. Den Alkoholtest war positiv.

Leschten Update: 08.02.2019, 09:11:17

© CIS Dippech

An der Nuecht op e Freideg kuerz no Mëtternuecht ass ee Chauffer mat sengem Auto zu Dippech accidentéiert. Hien hat am Rondpoint d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer, ass iwwert de Rondpoint geflunn an dunn um Daach leie bliwwen. Dat mellen d’Rettungsdéngschter vun Dippech.

© CIS Dippech


Wéi d'Police schreift, gouf de Chauffer liicht an de Bäifuerer méi schwéier blesséiert.  Déi zwou Persoune koumen an d’Spidol. Den Alkoholtest war positiv an e Fuerverbuet gouf ausgestallt.