NewsOfrapp-Aarbechte vu Genua-Bréck fänken un

Nodeems déi sou genannte Morandi-Bréck zu Genua am August 2018 deels an e Koup gefall war, ginn elo d'Iwwerreschter vun der Bréck ofgerappt.

Leschten Update: 08.02.2019, 08:37:50

© AFP/Archiv/MARCO BERTORELLO

An Italien gëtt e Freideg de Rescht vun där Bréck ofgerappt, déi virun engem hallwe Joer zum Deel an e Koup gefall ass. 43 Mënsche si beim Ongléck zu Genua ëm d’Liewe komm. Den Experten no wiere Baumängel de Grond fir d’Katastrof gewiescht. Nom Ofrappe vum Rescht vun der Bréck soll direkt domadder ugefaange ginn, op där selwechter Plaz eng nei Bréck ze bauen.