NewsËmmer méi Fäll vu Riedelen an Europa

Wéi d’Weltgesondheetsorganisatioun WHO annoncéiert huet, hunn sech d'Fäll vu Riedelen d'lescht Joer an Europa verdräifacht.

Leschten Update: 08.02.2019, 10:06:42

© Pixabay

D’Fäll vu Riedelen hunn sech 2018 an Europa verdräifacht. Dat huet d’Weltgesondheetsorganisatioun WHO matgedeelt. Et ass déi éischt Kéier zënter 10 Joer datt esou vill Fäll gemellt ginn. Ee Grond wier datt ëmmer méi Leit géint Impfunge sinn. 2016 wier dat Joer gewiescht wou am mannste Krankheetsfäll registréiert gi sinn. Am meeschte betraff ass d’Ukrain mat iwwer 50 000 Fäll.