NewsInstagram verbitt Selbstverstümmelungs-Fotoen

Instagram huet en Donneschdeg annoncéiert datt Selbstverstümmelungs-Fotoe verbuede ginn. An dat fir méi effikass géint Selbstmord virzegoen.

Leschten Update: 08.02.2019, 12:10:13

© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/Archives/JUSTIN SULLIVAN

Instagram huet en Donneschdeg annoncéiert datt Fotoen, vun deene Leit déi sech selwer blesséieren, op der Plattform verbuede ginn. Instagram wëll domat méi streng géint Selbstmord virgoen.

© Screenshot Instagram


Nodeems e jonkt Meedchen sech 2017 ëmbruecht hat, hat säi Papp dat soziaalt Netzwierk beschëllegt. D’Meedche soll nämlech vill Fotoe vun dëse Blessuren op Instagram nogesicht a gekuckt hunn.

 

© Screenshot Instagram