NewsMoyenne an den Urgence läit tëscht 40 an 90 Minutten

D'Moyenne tëscht dem Triage an der Prise en Charge an den Urgencen hei am Land läit tëscht 40 an 90 Minutten.

Leschten Update: 08.02.2019, 14:16:38

© Eldo

Dëst äntwert de Gesondheetsminister Etienne Schneider op eng parlamentaresch Fro vun den Deputéierte Gast Gibéryen a Marc Goergen. Déi wollte méi iwwer d'Urgence wëssen nodeems den 1. Januar d'Urgence fir d'Spidol zu Nidderkuer ofgeschaaft ginn ass.

Dem Spidolsgesetz no ginn et esou nëmmen nach 4 Sitte mat Urgencen, dat sinn den CHL, d'Spidol um Kierchbierg, de Centre Hospitalier Emile Mayrisch an d'Spidol zu Ettelbréck.

Dës géife 24 op 24 Stonne 7 Deeg op 7 funktionéieren a garantéieren, dass d'Patiente bei uerge Problemer do dat beschtméiglecht Traitement kréien.

Links