NewsZanter Joresufank goufe schonn 3 Keyless-Autoe geklaut

Zanter Ufank vum Joer goufe bis ewell zu Lëtzebuerg 3 Autoe mat Keyless-System geklaut, dëst mellt d'Police.

Leschten Update: 08.02.2019, 16:47:25

© Eldo

3 mol huet et sech dobäi em Autoe vun der Mark Range Rover gehandelt, esou d'Police. An 3 weidere Fäll wier et beim Versuch bliwwe Ween mat dësem System ze klauen.

Wéi et weider vun der Police heescht, wieren dës “Keyless-go“-Systemer relativ einfach a mam richtegen Equipement bannent nëmmen e puer Sekonnen ze knacken.

Dobäi stellt een Täter sech a Reechwäit vum Schlëssel op fir d'Signal ze verstäerken an un den Empfänger, dee bis zu 100 Meter wäit ewech beim Auto steet, weiderzeginn.



Weider goufen der Police an de leschten 2 Wochen eng ganz Rëtsch Abréch an Autoe gemellt. Méi genee waren dëst 14 Abréch a Luxus-Autoen. Dobäi goufen d'Airbaggen an d'Navigatiounssystemer ausgebaut. All verdächteg Persounen oder Beobachtunge sollt een dem 113 mellen.

Links