NewsPresuméiert Drogendealer zu Bouneweg festgeholl

Béid Männer hate Pech, dass si an eng Kontroll gerode waren an déi technesch Kontroll vum Won ofgelaf war.

Leschten Update: 08.02.2019, 18:26:18

© Fred TANNEAU / AFP

Den Donneschdeg den Owend hat eng Policepatrull zu Bouneweg e Chauffer erwëscht, bei deem sengem Auto déi technesch Kontroll zanter Enn 2018 ofgelaf war. Dobäi ass de Beamte bei der Kontroll och e staarke Cannabisgeroch entgéint komm. Chauffer a Bäifuerer hunn dann och zouginn Droge konsuméiert ze hunn.

Am Won goufe ronn 69 Gramm Marihuana fonnt, am Haus vum Chauffer, deen nach am Stage war a vum Bäifuerer waren et zesummen nach emol 273 Gramm. Dobäi koumen nach kleng Quantitéiten un Haschisch an Amphetaminnen. Béid presuméiert Drogendealer goufen op Uerder vum Parquet festgeholl.