NewsDonald Trump - Kim Jong Un Sommet zu Hanoi

Den US-President an de nordkoreaneschen Diktator Kim Jong Un sollen sech de 27. an den 28. Februar zu Hanoi am Vietnam fir Friddensgespréicher gesinn.

Leschten Update: 10.02.2019, 09:11:57

© NICHOLAS KAMM, SAUL LOEB / AFP

Wéi den Donald Trump iwwer Twitter ugekënnegt huet, gesinn sech den US-amerikanesche President Trump an de nordkoreanesche Staatschef Kim Jong Un den 27. an 28. Februar zu Hanoi am Vietnam.



Béid Länner wëlle Friddensgespréicher féieren. Donieft huet den Trump annoncéiert, aus Nordkorea eng ekonomesch Rakéit ze maachen.