News1 Doudege bei Zuchongléck a Spuenien

Bei enger Kollisioun tëscht 2 Regionalzich um Freideg Owend si méi wéi 100 Leit blesséiert ginn. Eng 26 Joer al Fra ass ëm d'Liewe komm.

Leschten Update: 10.02.2019, 09:10:20

© www.pexels.com / Mark Dalton

Um Freideg Owend ass bei Barcelona a Spuenien eng 26 Joer al Maschinistin ëm d’Liewe komm. Méi wéi 100 Mënsche goufe beim Zuchongléck blesséiert. 

2 Regionalzich waren tëscht Manresa an Sant Vicenç de Castellet kollidéiert. D’Bunnstréck gouf gespaart.




D'Rettungsequippe ware stonnelaang am Asaz. De Regionalpresident vu Katalounien Quim Torra hat sech um Freideg Owend e Bild vun der Situatioun gemaach. D'Zich sollen no 18.00 Auer anenee geknuppt sinn.

D'Eisebunnsgesellschaft hat eng Noutruffnummer fir betraffe Persounen ageriicht.
Hei e kuerze Video iwwert d'Situatioun.