NewsStaarke Wand a Risiko vun Héichwaasser um Sonndeg

Meteolux huet opgrond vu staarkem Wand eng Warnung fir de Weekend erausginn. Vitessë vu 65 km/h bis zu 90 km/h si méiglech.

Leschten Update: 11.02.2019, 10:59:22

© Meteolux

Och fir de Sonndeg Moien vun 04:00 u bis Méindeg 00:00 Auer huet Meteolux eng Warnung viru staarkem Wand erausginn. Vitessë bis 90 km/h si méiglech.

Um Samschdeg Owend huet d'Waasserwirtschaftsamt matgedeelt, datt et wéinst dem ville Reen e Risiko vun Héichwaasser gëtt. Aktuell Wasserhéichten a Previsioune kann een um Site www.innondations.lu noliesen.