NewsApple geet géint Ofspäichere vun Donnéeë vir

Well verschidden Apps Software benotzen, déi d'Donnéeë vum User ouni seng Erlaabnis ofspäicheren, soll Apple elo géint dës Apps um App Store virgoen.

Leschten Update: 09.02.2019, 13:39:40

© www.pexels.com / Mateusz Dach

Apple soll engem Medienrapport no géint Apps virgoen, déi ouni dem User säin Accord Donnéeë vum User späicheren. 

Apple soll d’Entwéckler opgefuerdert hunn keng Software ze benotzen, déi ouni dem User säi Wëssen Donnéeën ofspäichert, soss géingen déi concernéiert Applikatioune vum App Store erofgeholl ginn. 

Dës soll “TechCrunch” um Freideg matgedeelt hunn, wéi d'Noriichtenagence AFP mellt.