NewsNees schro Konfrontatiounen zu Paräis

Bei weideren Demonstratioune vun de “gilets jaunes” a ganz Frankräich koum et nees zu schroen Ausernanersetzunge mat der Police.

Leschten Update: 10.02.2019, 11:16:50

© GERARD JULIEN / AFP

Iwwer 51.000 Manifestante sollen um Samschdeg nees duerch Frankräich gezu si, fir géint dem Emmanuel Macron seng Austeritéits-Politik ze demonstréieren. Zu Paräis goufe 4.000 Demonstrante gezielt. Dës Kéier gouf och géint en neit Gesetz demonstréiert, dat virgesäit, datt Demonstranten, déi hire Kapp verdecken, bestrooft ginn. Verschidden Aktivisten haten dozou opgeruff, sech dowéinst express ze vermummen.

Wéi an de leschte Woche schonn, koum et nees zu schroen Ausernanersetzungen tëscht Demonstranten an der franséischer Police. An engem Video, deen um Internet zirkuléiert, kann een zum Beispill erkennen, wéi ee Polizist ee Fouss an d’Gesicht geschloe kritt.

Een Demonstrant ass och méi uerg blesséiert ginn. Wéi ee Grupp vu Manifestante probéiert huet an d’Gebai vun der Assemblée Nationale zu Paräis eranzegoen, goufen si vun der Police dovunner ofgehalen. Dobäi hunn d’Beamte sou genannten “procjetciles anti-rassemblement” an d’Demonstranten-Gruppéierunge geschoss. Ee Projektil soll net wäit vun engem Manifestant explodéiert sinn an huet dem Affer seng Hand mat ewechgerappt.