NewsZwee Autofuerer mat Haschich a Kokain erwëscht

De Freideg huet d'Police zu Esch-Uelzecht en Auto mat geklauter Autosplacke ugehalen. Déi zwee Fuerer haten Haschisch a Kokain dobäi.

Leschten Update: 10.02.2019, 11:58:21

Wéi et vun der Police heescht, wieren de Beamten e Freideg an der rue de Luxembourg zu Esch-Uelzecht en Auto mat geklauter Placke opgefall. Bei der Kontroll vun den zwou Persounen am Auto gouf Haschisch a Kokain fonnt. Eng vun den zwou Persounen hat ausserdeem en Openthaltsverbuet am Schengener Raum.

E Freideg Owend gouf zu Wolz en Auto kontrolléiert, an deem d'Policebeamten op Gras-Geroch opmierksam gi sinn. Eng vun den dräi Persounen aus dem Auto ass bei der Kontroll zu Fouss fortgelaf. Si konnt awer kuerz drop vun der Police festgeholl ginn. Si hat Marihuana dobäi. Och am Auto goufe Marihuana an aner Drogenutensilien fonnt. 

De Weekend goufe bei Alkoholkontrollen zu Rëmeleng a Schëffleng zwee Permisen op der Plaz ofgeholl.