News"Invasioun" vun aggressiven Äisbieren op russescher Insel

Op der sibirescher Insel Nowaja Semlja gouf den Noutstand ausgeruff. Dat wéinst onerwënschtem Besuch, nämlech 52 hongregen Äisbieren.

Leschten Update: 10.02.2019, 09:40:15

© Paul Zinken / dpa / AFP

Op der sibirescher Insel Nowaja Semlja gouf den Noutstand ausgeruff. Dat wéinst 52 Äisbieren, déi reegelméisseg an engem Duerf op der Insel sollen opdauchen a souguer Awunner joen.

Eng Dosen Äisbieren soll a Wunngebaier an an ëffentlech Gebaier agedronge sinn. Zënter Dezember patrulléieren Zaldote mat Militärween duerch d'Duerf, mä ouni Effekt, wéi et schéngt.

Äisbiere gehéieren a Russland zu den Déieren ënner Schutz an dierfen net erschoss ginn. Dës Reegelung kéint awer geännert gi, wa soss keng Moossnam géint d'Äisbieren hëlleft, esou heescht et vun de Responsabelen aus der Gemeng.

E Grond, firwat esou vill Äisbieren an d'Duerf kommen, kéint de Klimawandel sinn. Wéinst dësem schmëlzt d'Äis méi séier an d'Äisbiere musse sech op d'Land zeréckzéien an do no Iesse sichen.