NewsSchwanger Fra a Kand komme bei Feier zu Lyon ëm

Bei engem Brand an der franséischer Stad Lyon sinn e Samschdeg den Owend zwou Persounen ëm d'Liewe komm. Véier weider Persoune goufe blesséiert.

Leschten Update: 10.02.2019, 09:39:18

© ALEX MARTIN / AFP

E Samschdeg den Owend koum et an der franséischer Stad Lyon zu engem Brand, bei deem eng schwanger Fra an e Kand ëmkomm sinn. Véier weider Persoune goufe blesséiert. D'Feier war wahrscheinlech duerch eng Explosioun vun der Bäckerei am Rez-de-Chaussée ausgeléist ginn. D'Pompjeeë konnten d'Feier no enger Stonn läschen.