NewsFussball-Fans festgeholl wéinst gehässegem Geste iwwer Sala

Zwee Fussball-Fans goufen festgeholl, well si am Stadion bei engem Premier-League-Match e gehässege Geste géigeniwwer dem verstuerwenem Sala gemaach hunn.

Leschten Update: 10.02.2019, 10:45:32

Fans virum Stadion vu Cardiff City. © GEOFF CADDICK / AFP

E Samschdeg goufe wärend engem Premier-League-Match tëscht Southampton a Cardiff City zwee Fussball-Fans festgeholl. Si hate wärend dem Match e Geste vun engem Fliger nogemaach, dat a Richtung vun de Fans vu Cardiff City. D'Police huet déi zwee Männer festgeholl a befrot. De Veräin Southampton huet matgedeelt, esou e Verhalen net ze akzeptéieren.

De Profi-Fussballer Sala war kuerz viru sengem Dout virun zwou Woche bei Cardiff City gewiesselt. Um Wee fir bei säin neie Veräin war hie mat sengem Fliger iwwer dem Äermelkanal ofgestierzt.

De Fussball-Match tëscht Southampton a Cardiff City war den éischte Match fir Cardiff City zënter der Identifizéierung vun der Läich vum Sala. D'Spiller hu beim Opwiermen all en T-Shirt mat enger Foto vum argentinesche Spiller ugehat.