NewsEU-Staaten eenege sech zu Reform vum Auteursrecht

An Zukunft mussen Online-Firme wéi Youtube kontrolléieren, ob hir Inhalter géint d'Auteursrechter verstoussen. Dorop hu sech d'EU-Staate gëeenegt.

Leschten Update: 10.02.2019, 11:14:16

© freestocks.org/pexels

An Zukunft mussen Online-Firme wéi Youtube kontrolléieren, op de Contenu vun hire Verëffentlechunge net géint d'Auteursrecht verstoussen. Esou dierfe just nach Inhalter verëffentlecht ginn, fir déi eng Lizenz vun den entspriechenden Auteure virläit.

Ausserdeem sollen d'Online-Firmen d'Kënschtler besser bezuelen.

D'Nächst Woch sollen zu dësem Thema Verhandlunge mam Europaparlament a mat der EU-Kommissioun stattfannen.