NewsNei Dinosaurier-Aart entdeckt!

Am Süde vun Argentinien hu Fuerscher eng nei Dino-Aart mat risege Stachelen um Hals entdeckt.

Leschten Update: 10.02.2019, 11:38:37

© Juan Mabromata/AFP

Am Süde vun Argentinien hu Fuerscher eng nei Dinosaurier-Aart entdeckt. De Bajadasaurus pronuspinax war Planzefrësser an huet virun 140 Millioune Joer gelieft. Seng charakteristesch Stachele um Hals ware riseg a bis zu engem Meter laang.  Wéi eng Funktioun dës Stachelen haten, ass bis elo nach net gekläert. Eventuell ware si Ofschreckung géigeniwwer Feinden. Aner Theorie ginn dovunner aus, datt d'Dinosaurier domat hir Kierpertemperatur reegele konnten oder datt d'Stachelen déi sexuell Attraktivitéit erhéicht hunn.

Iwwerreschter vun der bis elo onbekannter Aart goufen an der Regioun Patagonien vum Pablo Gallina a sengem Team fonnt. Argentinien ass ënner Paläontologe bekannt fir déi heefeg Entdeckunge vun Dinosaurier-Fossilien.

© Juan Mabromata/AFP