News2 grouss Alkoholkontrollen an der Nuecht op e Sonndeg

Op Uerder vum Parquet hat d'Police an der Nuecht op e Sonndeg grouss Alkoholkontrollen duerchgefouert. Zu Steenem war eng Persoun vill ze séier ënnerwee.

Leschten Update: 10.02.2019, 19:19:45

An der Nuecht op e Sonndeg hat d'Police op Uerder vum Parquet zwou grouss Alkoholkontrollen duerchgefouert. 

Zu Rëmeleng hunn an der Rue des Martyrs tëscht 23:00 a 00:30 Auer 132 Chauffeuren sech engem Otemtest ënnerzunn. An 2 Fäll war den Test positiv, ee Führerschäi gouf agezunn.

Weider goung et dunn zu Schëffleng. Hei goufen tëscht 1:30 a 03:00 Auer nach weider 65 Chauffeuren ugehalen. An 3 Fäll war ze vill Alkohol am Spill, och hei war ee Führerschäin op der Plaz fort.

Och zu Steenem war d'Police Samschdesowes am Asaz. Hei war ee Gefier a Richtung Iechternach mat 108 Kilometer an der Stonn ënnerwee. D'Beamte wollten de Chauffeur unhalen, dësen huet dunn beschleunegt an ass fortgefuer. Méi spéit gouf der Police een Accident zu Rouspert gemellt. Et huet sech hei em de gesichte Chauffeur gehandelt. Dëse war aus sengem Auto geflücht a konnt méi spéit gepëtzt ginn.