NewsVill Asätz wéinst dem ville Reen

D'Waasserwirtschaftsamt huet virun Iwwerschwemmungen an héije Waasserpeegele gewarnt. Den 112 war um Sonndeg vill am Asaz.

Leschten Update: 11.02.2019, 10:40:38

© CISETT

D'Waasserwirtschaftsamt hat e Sonndeg wéinst dem ville Reen virun Iwwerschwemmungen an héije Wasserpeegele gewarnt (virun allem d'Wark zu Ettelbréck, d'Uelzecht an d'Atert).

Den 112 huet um Sonndegnomëtteg vun 100 Appeller geschwat. 20 Mol hunn d'Pompjeeë missen erausfueren, well Beem oder Äscht deels op der Strooss louchen. 16 Mol gouf ee geruff fir Kelleren auszepompelen.

Am Laf vum Owend bis an de Méindegmueren eran goufen et dunn eng 54 Appeller. 5 Mol war ee wéinst ëmgefalle Beem oder Äscht am Asaz, a 14 Mol well ee Keller huet missen ausgepompelt ginn.

Alerte wéinst Iwwerschwemmungen




Weider hat de Centre d'Incendie et de Secours Ettelbréck den Appell erausginn, Autoen, déi um Däich stoungen, ze réckelen, dat wéinst méiglechen Iwwerschwemmungen.