NewsBal 800 Uriff den Dag fir den 112

Den 11. Februar ass den Dag vum Noutruff 112 an do gëtt et och en Abléck an den Alldag vun de Leit um Terrain.

Leschten Update: 12.02.2019, 04:37:42

© Eldo

An deem Sënn ass de CGDIS haut och besonnesch present op de sozialen Netzwierker sinn, dat ënner anerem och mat verschiddenen Anekdoten aus der Noutruffzentral an där all Dag zu Lëtzebuerg bal 800 Uriff traitéiert ginn.





An deem Sënn war et och schonn den Appell, dass ee bei engem Accident esou präzis wéi méiglech soll beschriwwe, wat geschitt ass. De Méindeg de Mueren haten nämlech d'Rettungsdéngschter vu Wuermer, Fluessweller a Réimech en Accident gemellt kritt, well do accidentéiert Autoen op der Säit stoungen. Op der Plaz ukomm, hunn d'Rettungsdéngschter awer misste feststellen, dass den Accident schonn de Sonndeg geschitt war.