NewsKlassesch Wierker mussen an zäitleche Kontext gesat ginn

An der Lescht gouf jo vill driwwer diskutéiert, dass verschidde Wierker, déi an der Schoul behandelt ginn Sexismus oder Gewalt géint Fraen thematiséieren.

Leschten Update: 12.02.2019, 04:38:04

© Pexels

All Behandlung vu klassesche Wierker an der Schoul muss an de respektive Kontext gesat ginn, dëst äntweren den Educatiounsminister an d'Chancëgläichheetsministesch op eng parlamentaresch Fro vum LSAP-Deputéierten Dan Biancalana. An der lescht war jo ëmmer erëm iwwer Sexismus a verschiddene Wierker, déi an de Lycée behandelt ginn diskutéiert ginn.

Vun de Ministeren huet et geheescht, dass et net géif drëms goen dës Wierker ze zenséieren oder déi historesch Fakten ze jugéieren. Ma et misst een an der Klass d'Iwwerleeungen an d'Hannergrënn vum Auteur beliichten.

Et géif donieft vill méi drëms goen am generellen e Kader an de Schoulen ze schafen an deenen d'Schüler fir d'Gläichheet tëscht de Geschlechter sensibiliséiert ginn. Wierker oder Auteuren ze ignoréiere wier net d'Zil.

Links