NewsBommenalarm op Péitenger Gare opgehuewen

Géint 14.00 e Méindeg ass et zu Péiteng op der Gare zu engem Bommenalarm komm - géint 15.50 Auer koum vun de CFL dunn Entwarnung.

Leschten Update: 11.02.2019, 22:18:13

© Eldoradio

De Bommenalarm zu Péiteng gouf géint 15.50 Auer e Méindeg Nomëtteg nees opgehuewen. Dat hunn d'CFL an engem Schreiwes confirméiert.

Och d'Zuchlinne 60 a 70 goufen no der Entwarnung nees progressiv a Betrib geholl.

Géint 14.00 Auer e Méindeg hat e suspekten Uruff de Bommenalarm ausgeléist. D'Péitenger Gare gouf evakuéiert an d'Police hat e Sécherheetsperimeter opgeriicht a war och mat Hënn op der Plaz.

Wéi d'Police weider schreift, konnt näischt Verdächteges op der Gare fonnt ginn.

Hei d'Schreiwes vun den CFL:
L’alerte à la bombe à la gare de Pétange a été levée vers 15h50, après confirmation des forces l’ordre. La circulation des trains des lignes 60 et 70, qui avait été limitée durant les recherches menées par la brigade canine, va reprendre progressivement.