NewsAus Escher Ariston soll Theaterbühn ginn

Vill ass iwwert d'Zukunft vum Kino Ariston zu Esch geschwat ginn, elo soll dann eng Decisioun getraff gi sinn. Aus dem Kino soll eng Theaterbühn ginn.

Leschten Update: 14.02.2019, 18:57:46

© Pexels

Aus dem Escher Ariston soll eng Theaterbühn ginn. Wéi verschidde Lëtzebuerger Medie schreiwen, ass dëst e Méindeg de Mëtteg op der Pressekonferenz am Kino Ariston matgedeelt ginn.

Konkret hätt een deemno un eng Bühn fir de Kanner- a Jugendtheater geduecht. Den Theatersall kéint 2022 fir d'Kulturjoer opgoen.

Wéi et awer heescht, géif dëst just ënnert enger Konditioun gemaach ginn: De Kulturministère an aner Gemenge misste sech un dësem Projet bedeelegen.