NewsBrexit-Accord net negociabel

De Michel Barnier, Brexit-Negociateur fir d'EU, war op Visitt zu Lëtzebuerg a sot dat de Brexit-Accord net negociabel wier.

Leschten Update: 14.02.2019, 18:57:31

© AFP/FREDERICK FLORIN

De Brexit-Chef-Negociateur vun der Europäescher Unioun, de Michel Barnier, huet vu Groussbritannien "Kloerheet" iwwert den Austrëtt aus der Unioun gefuerdert. Dat schreift d'Noriichtenagence AFP.

"Op britescher Säit misst sech endlech eppes doen", sot de Barnier e Méindeg op enger Pressekonferenz zu Lëtzebuerg. Dem Barnier no misst ee sech elo intensiv op en No-Deal-Brexit virbereeden.



De Premier Xavier Bettel sot, datt hien iwwert de Chaos a Groussbritannien irritéiert wier. Et wier jo London gewiescht, déi den Austrëtt wollten - net d'EU.

Den Owend gesäit de Barnier dann nach de britesche Brexit-Minister Stephen Barclay zu Bréissel.