NewsEmiliano Sala u Kappblessure gestuerwen

De Fussballer Emiliano Sala soll verschiddene Medien no u Blessuren u Kapp an Uewerkierper gestuerwe sinn.

Leschten Update: 14.02.2019, 18:57:00

© AFP/LOIC VENANCE

Wéi déi international Press e Méindeg schreift, soll de Fussballer Emiliano Sala u schwéiere Verletzungen u Kapp an Uewerkierper gestuerwe sinn. Dat hätt Medien no d'Autopsie vum Verstuerwen erginn.

Den 22. Januar war hien mam Fliger ënnerwee vun Nantes op Cardiff vum Radar verschwonnen, leschte Mëttwoch ass d'Läich aus der Maschinn gebuerge ginn.

D'Läich vum Pilot gouf bis ewell nach net erëmfonnt.