NewsChauffer no Accident op der A3 verschwonnen

E Méindeg den Owend koum et op der A3 um Gaasperecher Kräiz zu engem schwéieren Accident. De Chauffer ass duerno zu Fouss geflücht. No him gouf du gesicht.

Leschten Update: 12.02.2019, 09:24:26

© dpa/AFP/Archiv/Armin Weigel

Op der A3 a Richtung Stad kuerz virum Gaasperecher Kräiz koum et e Méindeg den Owend géint 17h00 zu engem Accident. Een Auto hat sech iwwerschloen.

Wéi d'Rettungsequippen op d’Plaz koumen, ass de Chauffer vum Auto zu Fouss fortgelaf. D’Police huet nom Chauffer gesicht well net kloer war wéi schwéier dëse blesséiert war.

Géint 21h00 gouf d’Sichaktioun ofgebrach. De Chauffer konnt net fonnt ginn.

Den accidentéierte Won ass ofgeschleeft ginn.