NewsEenegung am US-Budgetsträit?

An den USA hunn sech Republikaner an Demokraten den Negociateuren no am Budgetssträit grondsätzlech gëeenegt.

Leschten Update: 12.02.2019, 08:45:37

© AFP/Brendan Smialowsk

An den USA gëtt et wuel eng Eenegung am Budgets-Sträit. Republikaner an Demokrate sollen sech grondsätzlech gëeenegt hunn. Dat hunn d’Negociateure vu béid Säiten géintiwwer US-Medien confirméiert. Wéi et mat der vum US-President Trump gewënschter Mauer tëscht den USA a Mexiko soll viru goen, ass nach onkloer. Wéi d’Mauer finanzéiert soll ginn, misst, wéi et heescht, nach ausgeschafft ginn.