NewsMay fuerdert méi Zäit, Corbyn schwätzt vun Erpressung

D'Theresa May huet en Dënschdeg de Mëtten am britescher Parlament eng Erklärung iwwert de Stand vun de Brexit-Verhandlungen ofginn.

Leschten Update: 12.02.2019, 17:15:48

© AFP/Daniel LEAL-OLIVAS

D'May huet de Mëtteg am Parlament méi Zäit an Ënnerstëtzung gefuerdert, fir Ännerungen um Brexit-Ofkommes virhuelen ze kënnen. Den Oppositiounschef Jeremy Corbyn huet der britescher Premierministesch Erpressung bei de Brexit-Verhandlunge virgeheit.

Fir en Donneschdeg ass eng weider Ofstëmmung iwwert déi nächst Etappen a Punkto Brexit ugesat, ma en Datum fir eng Ofstëmmung iwwert dat schonn am Januar refuséiert Ofkommes gouf awer nach net genannt.

Den EU-Negociateur Michel Barnier sot iwwerdeems, datt een sech intensiv op d’Méiglechkeet vun engem ongereegelten Austrëtt vu Groussbritannien astelle sollt.