NewsSchwéiert Accident tëscht Kruuchten an dem Rouscht

Méi schwéier war een Accident en Dënschdeg de Mueren tëscht Kruuchten an dem Rouscht. E Camion an en Auto ware kollidéiert. Eng Persoun gouf ageklemmt.

Leschten Update: 12.02.2019, 09:31:46

© Eldoradio

Ee méi schwéiert Accident gouf et en Dënschdeg de Muere géint 07h30 tëscht Kruuchten an dem Rouscht. E Camion an een Auto sinn anenee gerannt. Wéi d'Police eis sot, wier de Camion un d'Schleidere komm.

De Chauffer vum Auto gouf beim Accident liicht blesséiert, de Bäifuerer gouf méi schwéier blesséiert a gouf am Auto ageklemmt. De Chauffer vum Camion gouf net verwonnt.