NewsBruno Ganz gestuerwen

De Schwäizer Schauspiller Bruno Ganz, bekannt ënner anerem als Adolf Hitler an "Der Untergang", ass e Samschdeg Moien am Alter vu 77 Joer gestuerwen.

Leschten Update: 16.02.2019, 11:55:37

© Anne-Christine POUJOULAT / AFP

De Schwäizer Schauspiller Bruno Ganz ass am Alter vu 77 Joer u Kriibs gestuerwen. Dat huet seng Agentin e Samschdeg Moie bestätegt.

De Ganz war ënner anerem duerch seng Roll als Adolf Hitler an "Der Untergang" bekannt ginn. Aner Filmer waren "Der Himmel über Berlin" oder "Der Baader-Meinhof-Komplex". Och als Theaterschauspiller war de Ganz aktiv.