NewsEx-Bëschof aus der Kierch erausgeheit

Den Theodore McCarrick, ex-Bëschof vu Washington an den USA, ass aus der Kierch erausgeheit ginn. Dat huet de Vatikan haut matgedeelt.

Leschten Update: 17.02.2019, 17:09:20

© JONATHAN NEWTON / POOL / AFP

Eng Première am Vatikan. De Poopst Franziskus huet den 88 Joer alen Theodore McCarrick aus der Kierch geheit. Hie gouf dem sexuelle Mëssbrauch u Jugendlechen an och Erwuessene fir schëlleg gesprach.

D’Kierch beméit sech ëm “Image-Verbesserung”. Ëmmer erëm huet d’Kierch sech misste wéinst sexuellem Feel-Verhale vu senge Paschtéier rechtfäerdegen. D’Annonce aus dem Vatikan kënnt nëmmen e puer Deeg virum Seminaire deen am Vatikan ofgehale gëtt fir d’sexuell Mësshandlungen an der Kierch ze bekämpfen.