News16 Joer ale Mann gëtt vun Zuch iwwerrannt

Zu Freiburg an Däitschland ass ee Jugendlechen an der Nuecht op e Samschdeg vun engem Zuch iwwerrannt ginn.

Leschten Update: 17.02.2019, 17:08:25

© Pexels.com / Mark Dalton

Een déidlecht Zuchaccident gouf et an der Nuecht op e Samschdeg zu Freiburg. 6 Jugendlecher waren op den Zuchschinne getrëppelt an hunn esou versicht méi séier an den Zentrum vu Freiburg ze kommen. D’Affer war ganz hannen am Grupp an hat, wéi et vun den Enquêteuren heescht, e wéineg Verspéidung op seng Kollegen, wéi grad een Zuch koum an de 16 Joer ale Mann ze pake krut. Fir d’Affer koum all Hëllef ze spéit, de jonke Mann war nach op der Plaz dout.