News200'000 Mënschen hunn zu Barcelona protestéiert

Um Samschdeg hu ronn 200'000 Demonstrante géint de Prozess vun 12 katalanesch separatistesch Politiker protestéiert zu Barcelona protestéiert.

Leschten Update: 17.02.2019, 17:05:14

© LLUIS GENE / AFP

Zu Barcelona sinn um Samschdeg Owend Demonstranten op d'Stroosse gaange fir géint de Prozess géint 12 katalanesch Onoofhängegkeetsleader ze protestéieren. D'Organisateuren hunn vu 500'000 Demonstrante geschwat. Der Police no waren et eng 200'000 Demonstranten.

Ugefouert gouf d'Mënschemass vum katalanesche Regionalpresident Quim Torra.

Op Fändelen hunn d'Demonstrante verlaangt de Prozess géint di 12 separatistesch Politiker anzestellen. Hinnen dréie laangjäreg Strofen.