NewsPolice geet Wallisse fir Touriste sichen, fënnt Drogen dran

Wéi 2 Männer op hirer Rees hir Wallissen am Zuch vergiess haten, hate béid Männer d'Police ëm Hëllef gefrot. Hei ass de Schoss awer no hanne lass gaangen.

Leschten Update: 17.02.2019, 17:05:07

© dpa/AFP Archiv/Hauke-Christian Dittrich

Zwou Persounen aus Däitschland haten um Samschdeg d'Police vu Villach an Éisträich ëm Hëllef gefrot. Di 2 haten nämlech hir Wallissen am Zuch vergiess. D'Police war d'Kierf siche gaangen a huet eppes Ongewéinleches dra fonnt. Cannabis a Kokain waren an de Wallisse verstoppt.

Wéi ofgemaach, hat de Schaffner de Polizisten d'Kierf gi wouropshin d'Beamten e Cannabisgeroch festgestallt hunn. D'Beamten hunn d'Wallissen opgemaach a hunn 10 Jointen, 2 Gramm Cannabis a Kokain an enger Botterbécks fonnt.

Eng vu béid Persounen ass mam nächsten Zuch zeréck op Villach gereest. Um Policebüro ukomm, gouf den 23-järegen duerchsicht. Och hei hunn d'Beamten Droge fonnt. Weider 19 Jointe goufen an der Jackettstäsch fonnt. Géint béid Männer, och dee wou net zeréckgereest ass, gouf eng Plainte gemaach.