NewsBam op Gefierer gefall: Ee Chauffer huet net iwwerlieft 

E Méindegmuere war et zu Reiland zu engem uerge Verkéiersaccident komm, well do e Bam ëmgekippt war. Ee Chauffer huet net iwwerlieft.

Leschten Update: 04.03.2019, 18:54:40

© CGDIS

Nodeems e Méindegmuere kuerz no 8.00 Auer e Bam ëmgetippt an op en Trakter an en Auto gefall ass, huet ee Chauffer d'Accident net iwwerlieft. Wéi d'Police e Méindegowend matgedeelt huet, ass den 51-järege Chauffer aus Iechternach am Spidol u sengen uerge Blessure gestuerwen.

E Méindegmuere war en Trakterschauffer op der N14 a Richtung Blummendall ënnerwee, wéi e Bam ëmgekippt an op d'Kabinn gefall ass.

Duerch den Opprall ass de Bamstamm gebrach an um Daach vun engem Won gelant, deen dem Trakter entgéint komm ass.

Béid Chauffere goufen an hire Gefierer ageklemmt an hu misste schwéier blesséiert befreit an an d'Clinique bruecht ginn.

© Police