News39-järege Bäifuerer stierft bei Accident op der A1

An der Nuecht op en Dënschdeg gouf et op der A1 a Richtung Stad Héicht Potaaschbierg een déidlecht Accident.

Leschten Update: 12.03.2019, 11:42:56

© Police

En Dënschdeg géint 03.20 Auer ass et op der Tréierer Autobunn Richtung Stad zu engem déidlechen Accident komm.

Op der Héicht vum Potaaschbierg kruten sech aus nach ongekläerter Ursaach en Auto an e Camion ze paken. Den 39-järege Bäifuerer vun Esch huet d'Accident net iwwerlieft, esou d'Police.

De Chauffer ass da liewensgeféierlech blesséiert ginn, de Camionschauffer ass net verwonnt ginn. D'Autobunn war da bis 08.20 Auer gespaart.

Wéi et vun der CITA heescht, ass d'Accident mëttlerweil geraumt, d'Opfaart Potaaschbierg a Richtung Stad bleift awer zou.