NewsNo Familljesträit mat Waffen a Wunneng agespaart

Zu Zéisseng gouf et en Dënschdegowend ee gréisseren Asaz vun der Police. Wéi d'Police matgedeelt huet, war hei e Familljesträit eskaléiert.

Leschten Update: 13.03.2019, 08:50:26

© Eldoradio

Géint 16.45 Auer ass der Police e Familljesträit an enger Privatwunneng zu Zéisseng gemellt ginn. Hei hat sech e Mann, deen der Police no a Besëtz vu Waffe war, an der Wunneng agespaart.

Unitéite vun der Police sinn doropshin op d'Plaz komm, et ass e Sécherheetsperimeter opgestallt ginn an d'Gebai gouf evakuéiert. D'Negociateure vun der Spezial-Unitéit ware wärend dem Asaz a Kontakt mam Mann.

Géint 19.45 Auer, wéi de Kontakt zum Mann ofgebrach war, huet d'Police dunn d'Wunneng gestiermt. De Mann louch um Buedem a war vu sech. Hien ass doropshin an d'Spidol bruecht ginn. Weider si keng Persoune blesséiert ginn, sämtlech Stroosse sinn dann och nees fir de Verkéier op, esou d'Police weider.