NewsN10 soll Mëtt Abrëll gefléckt ginn

Virun engem Joer hat den Zoustand vun der Streck fir Opreegung gesuergt, duerno hat de Mobilitéitsminister Reparaturaarbechten ugekënnegt.

Leschten Update: 13.03.2019, 09:46:10

© Facebook Gaby Ewrard-Hetto

Viru knapp engem Joer hat e Video op Facebook an deem den desolaten Zoustand vun der N10 tëscht Maarnech a Richtung Dosbuerg am Our-Dal gewise gouf nawell fir vill Opmierksamkeet gesuergt. Deemools hat och den aktuelle Mobilitéitsminister François Bausch reagéiert a gesot, et géif eppes gemaach ginn. Duerno huet de Ministère an engem Avis matgedeelt, dass d'Aarbechte wuel am Januar 2019 ufänke géifen.

Bis ewell ass dat awer net geschitt. Wéi et elo op Nofro vum Mobilitéitsministère heescht, géif déi 2. Woch am Abrëll ugefaange ginn. Dat Ganzt soll ongeféier annerhalleft Joer daueren.

Et wier eng schwiereg Streck an d'Etüden hätte misste verdéift ginn, dofir d'Verspéidung, heescht et weider.