NewsProblemer bei WhatsApp, Instagram a Facebook

De Mëttwoch am spéiden Nomëtteg koum et weltwäit zu massive Problemer bei Facebook, WhatsApp an Instagram.

Leschten Update: 13.03.2019, 18:33:20

© ARUN SANKAR / AFP

Bei Facebook, Instagram a WhatsApp goufen et de Mëttwoch massiv Problemer, dat och zu Lëtzebuerg. Wéi et heescht wieren Notzer weltwäit betraff gewiescht.

Verschidden Notzer hu gemellt, dass si keng Bäiträg méi poste konnten. Anerer konnte guer net méi op déi sozial Netzwierker zougräifen. De Grond fir dës Stéierungen ass bis ewell nach net gewosst. 

Déi 3 Netzwierker gehéiere jo zu der selwechter Entreprise.