NewsBritescht Parlament stëmmt fir Verréckele vum Brexit-Datum

Am britesche Parlament ass en Donneschdegowend iwwert eng Partie Amendementer ofgestëmmt ginn – en zweete Brexit-Referendum wäert et dann net ginn.

Leschten Update: 15.03.2019, 04:29:01

© PRU/AFP/PRU

D'Deputéiert hunn awer fir d'Verréckele vum Austrëttsdatum gestëmmt. Mat 412 géint 202 Stëmmen ass dofir gestëmmt ginn.

D'Regierung vum Theresa May muss hir Demande dann elo bei der EU era reechen, well fir d'Verréckelen all 27 EU-Memberstaaten zoustëmme mussen. En neie Brexit-Datum wier den 30. Juni dëst Joer.

D'Parlament wëll dann och nach eemol iwwert d'Ofkommes mat der EU ofstëmmen. E weidert Amendement wollt der Premierministesch d'Kontroll iwwert de Brexit-Prozess entzéien. 312 waren dofir, 314 dogéint.

Ronn zwou Woche virum geplangte Brexit hat dat britescht Parlament schonn e Mëttwoch géint een EU-Austrëtt ouni Ofkommes gestëmmt. D’Entscheedung ass awer rechtlech net bannent.

D’EU-Kommissioun huet well op d’Ofstëmmung am britesche Parlament reagéiert. Ee Spriecher vun der EU-Kommissioun sot, fir een No-Deal vum Dësch ze huelen, géing et net duergoe just dogéint ze sinn, et misst een och engem Ofkommes zoustëmmen. Et hätt een sech jiddefalls op ee Brexit mat oder ouni Deal virbereet.