NewsTornado an der Eifel (Video)

Eng Gemeng an der Eifel ass vun engem Tornado getraff ginn. Vill Haiser goufe beschiedegt. Eng Persoun gouf blesséiert.

Leschten Update: 14.03.2019, 05:28:20

© COURTESY OF JUSTIN MERRITT, INSTAGRAM/AFP/Handout

Een Tornado huet e Mëttwoch am Nomëtteg an der Eifel südlech vun Oochen Dosenden Haiser beschiedegt. An der Gemeng Roetgen huet e schwéier Schiet ugeriicht. Ronn 40 Haiser goufe beschiedegt. Ronn een Drëttel ass net méi bewunnbar. Eng Persoun gouf liicht blesséiert.