NewsGreta Thunberg fir Friddensnobelpräis nominéiert

Déi jonk Schwedin Greta Thunberg gouf vu norwegesche Politiker fir de Friddensnobelpräis nominéiert.

Leschten Update: 14.03.2019, 11:52:05

© AFP/Aris Oikonomou

Déi jonk Klima-Aktivistin Greta Thunberg ass vun 3 Deputéiert aus Norwegen fir de Friddensnobelpräis nominéiert ginn. Fir d’Politiker wier déi massiv Beweegung déi di jonk Schwedin op de Wee bruecht huet, ee wichtege Bäitrag fir de Fridden.

Dat 16 Joer jonkt Meedchen demonstréiert zënter August 2018 virum Parlament zu Stockholm fir méi Klimaschutz. Fir de 15. Mäerz huet si Jonker op der ganzer Welt opgeruff op d’Strooss ze goen.





Och hei zu Lëtzebuerg ginn e Freideg Jonker fir méi Klimaschutz op d’Strooss. Treffpunkt ass vun 10h00 un um Glacis an der Stad. Kuerz no 12h00 geet ee Marsch bis erof op de Knuedler. D'Organisateure vu "Youth for Climate" gi vun 10.000 Leit aus.