NewsMann menacéiert Sécherheetsbeamte mam Dout

E Mëttwochmuere si Sécherheetsleit a Begleedung mat engem Mann op de Policebüro komm. Grond: De Mann soll si menacéiert a beleidegt hunn.

Leschten Update: 14.03.2019, 12:32:35

© Eldoradio

Zwee Sécherheetsbeamten op der Stater Gare sinn e Mëttwochmuere géint 09.00 Auer zesumme mat engem anere Mann op de Policebüro komm. De Beamten no hätt de Mann si mam Dout menacéiert.

Weider soll hien d'Sécherheetsleit och beleidegt hunn. De Mann huet d'Menacen der Police géintiwwer dann och zouginn.

Op Uerder vum Parquet ass hie festgeholl ginn a koum gëscht am Nomëtteg virun den Untersuchungsriichter.