NewsDausende Schüler trotz Reen um Knuedler fir ze streiken

Weltwäit ass e Freideg ënnert dem Motto #fridaysforfuture fir e bessere Klimaschutz gestreikt ginn. Och hei zu Lëtzebuerg sinn déi Jonk op d'Strooss gaang.

Leschten Update: 17.03.2019, 14:43:55

© Eldo

Déi 16 Joer jonk Klima-Aktivistin Greta Thunberg hat Jonker op der ganzer Welt opgeruff, de 15. Mäerz op d'Strooss ze goen a fir méi Klimaschutz ze protestéieren. An iwwer 100 Länner si Jugendlecher schlussendlech op d'Strooss gaange fir een Zeechen ze setzen an hunn d'Politik opgefuerdert ze reagéieren. Och hei zu Lëtzebuerg waren dausende Schüler dem Opruff nokomm.

Schüler aus dem ganze Land haten sech fir d'éischt um Glacis versammelt. Kuerz no 12h00 ass et dunn a Richtung Knuedler gaange wou de Cortège géint 12h45 ukomm ass. Um Knuedler hunn d'Organisateure vun der Demo "Youth for Climate Luxembourg" Riede gehalen.

Fir d'Encadrement vun de Jonken ze assuréieren, war den Dispositiv vum Transport verstäerkt ginn. D'Police war och op der Plaz fir de Marsch ze encadréieren. D'CFL hunn d'Zuel vum Personal op de concernéierte Garen, Arrêten an an den Zich eropgesat, dat deels bis 16.00 Auer. Och goufen d'Kapassitéiten op der Zuchlinn 10 Dikrech-Lëtzebuerg eropgesat. Virun de Lycéeë vun Iechternach, Gréiwemaacher a Réiden un der Atert stounge vun 10.00 Auer u Busse bereet fir d'Schüler direkt op de Glacis ze bréngen. Weider gouf och d'Linn 110 vun Iechternach bis an d'Stad vun 10.15 Auer ëm 5 Busser verstäerkt.

Wéi et vun der Police heescht, hätten eng 5.000 bis 7.500 Schüler un der Demonstratioun an der Stad deelgeholl. D'Demonstratioun wier friddlech ouni gréisseren Tëschefall verlaf. 

Lauschtert hei de ganze Reportage!


Lauschtert hei d'Stëmmung um Glacis!


D'Schüler um Glacis: 








Lauschtert hei d'Reaktioune vun deene Jonken!




D'Schüler wéi se um Knuedler ukomm sinn:





Um Knuedler hunn d'Organisateure vu "Youth for Climate Luxembourg" Riede gehalen:







© Eldo


© Eldoradio

© Eldoradio

© Eldoradio

© Eldoradio

© Eldoradio

© Eldoradio

© Eldoradio

© Eldoradio

© Eldoradio

© Eldoradio

© Eldoradio

© Eldoradio

Links