News35 Pretekoller wéinst Verstouss géint Antitubaksgesetz

Bannent de leschten 2 Joer huet d'Police zesumme 35 Pretekoller opgeholl, well géint d'Antitubaksgesetz verstouss ginn ass.

Leschten Update: 14.03.2019, 17:43:11

© Eldo

Dëst äntweren de Minister fir bannescht Sécherheet, den Educatiouns- an de Gesondheetsminister op eng parlamentaresch Fro vun der Deputéiert Nancy Arendt. Dobäi koumen nach emol 13 Geldstrofe vun all Kéiers 24 Euro.

Keng vun dëse Verwarnunge wier iwwerdeems op engem Schoul-Campus verdeelt ginn, d'lescht Joer hätt et awer 1 an engem Spidol ginn.

Iwwerdeems wéilt een an deem Kader e Rappell vum Gesetz un d'Schouldirektioun verschécken. Och d'Spidolsdirektioune wieren sech der Problematik bewosst an hätt déi néideg Mesure getraff fir d'Fëmmverbuet an a ronderëm d'Spideeler ze garantéieren.

Links