NewsAccident tëscht Gréiwemaacher an dem Potaaschbierg

Den Donneschdeg de Mueren hat ech Chauffer de Stauufank net gesinn an ass deem leschten hannendrop gefuer. Dee gouf queesch iwwer d'Strooss geschleidert.

Leschten Update: 14.03.2019, 18:33:41

© CISGM

Wéi den Asazzenter vu Gréiwemaacher-Mäertert schreift gouf et den Donneschdeg de Mueren tëscht Gréiwemaacher an dem Potaaschbierg en Accident wéi e Chauffer den Ufank vun engem Stau iwwersinn hat.

Deen ass de leschte Won hannendrop gerannt an den Opprall war esou staark, dass de Won, dee stoung queesch iwwer d'Fuerbunn an de Gruef geschleidert ginn ass. Deen anere Won ass no reits an e Feld geflunn.

© CISGM


Béid Chauffere goufen awer nëmme liicht blesséiert, de Materialschued ass awer grouss.