News2 Aarbechter zu Mäertert vu Walz erfaasst

Wéi den Asazzenter vu Gréiwemaacher-Mäertert matdeelt, gouf et den Donneschdeg ëm 9.30 Auer e schwéiert Aarbechtsaccident op engem Chantier zu Mäertert.

Leschten Update: 14.03.2019, 18:48:26

© CISGM

Um Terrain vun enger Fabrick an der Route du Vin war en Aarbechter ënnert eng Stroossewalz geroden, déi grad no hanne gefuer ass. En aneren Aarbechter war tëscht der Walz an enger Schubkar ageklemmt ginn.

© CISGM


Mat hydraulesche Maschinnen hunn d'Aarbechter du misste befreit ginn. Nodeems si nach op der Plaz versuergt gi sinn, goufen déi 2 schwéier blesséiert an d'Clinique ageliwwert.

D'Police an d'ITM waren op der Plaz.