NewsAuto iwwerschléit sech no Frontalkollisioun

En Donneschdegowend huet sech en Auto no enger Frontalkollisioun tëscht Mompech a Mäertert iwwerschloen.

Leschten Update: 15.03.2019, 05:12:57

© CISGM

Géint 18.50 Auer hat eng Automobilistin an enger schaarfer Rietskéier Kontroll iwwert hire Won verluer an ass an de Géigeverkéier geroden.

Wéi d'Rettungsdéngschter vu Gréiwemaacher-Mäertert mellen, krut si en aneren Auto frontal ze paken. Duerch den Opprall huet sech den éischten Auto iwwerschloen an ass um Daach gelant. Deen aneren Auto huet sech ëm seng eegen Achs gedréit a koum um Summerwee un d'Stoen.

D'Automobilistin gouf méi schwéier blesséiert, konnt sech awer selwer aus dem Auto befreien. Si ass an d'Spidol zu Tréier komm. De Chauffer vum aneren Auto gouf iwwerdeems liicht blesséiert. De Materialschued u béiden Autoe soll héich sinn, esou d'Rettungsdéngschter vu Gréiwemaacher-Mäertert weider.

© CISGM
© CISGM